Epizód összefoglalója
D'Rockhal huet op enger Pressekonferenz hiren Open-Air-Programm fir de Summer 2027 virgestallt. Dorënner de brittesche Museker Sting deen de 15. Juni op de Belval kënnt. Déi belsch Popsängerin Angèle steet den 20. Juni op der Bün, an de 25. Juni suergen déi däitsch Hip-Hop-Legenden Die Fantastischen Vier fir Stëmmung Op der grousser Plaz virun der Rockhal. Nächste Méindeg gëtt dann nach e weidere groussen Numm annoncéiert.
D'Rockhal huet op enger Pressekonferenz hiren Open-Air-Programm fir de Summer 2027 virgestallt. Dorënner de brittesche Museker Sting deen de 15. Juni op de Belval kënnt. Déi belsch Popsängerin Angèle steet den 20. Juni op der Bün, an de 25. Juni suergen déi däitsch Hip-Hop-Legenden Die Fantastischen Vier fir Stëmmung Op der grousser Plaz virun der Rockhal. Nächste Méindeg gëtt dann nach e weidere groussen Numm annoncéiert.
Epizódok
Open Air Belval
MeghallgatvaD'Rockhal huet op enger Pressekonferenz hiren Open-Air-Programm fir de Summer 2027 virgestallt. Dorënner de brittesche Museker Sting deen de 15. Juni op de Belval kënnt. Déi belsch Popsängerin Angèle steet den 20. Juni op der Bün, an de 25. Juni suergen déi däitsch Hip-Hop-Legenden Die Fantastischen Vier fir Stëmmung Op der grousser Plaz virun der Rockhal. Nächste Méindeg gëtt dann nach e weidere groussen Numm annoncéiert.
CinEast-Festival Kompetitioun (1)
MeghallgatvaAm Sozialdrama "Shame and money" kritt eng Koppel vu Baueren an der kosovarescher Haaptstad Pristina déi sozial Klassenënnerscheeder voll ze spieren. De polneschen Drama "Tell me what you feel" kombinéiert eng "boy meets girl"-Geschicht mat engem sozial-therapeuteschen Usaz. Zwou Film-Kriticke vum Michel Delage.
Sally Rooney
MeghallgatvaD‘Sally Rooney ass eng gefeiert jonke Schrëftstellerinnen aus Irland déi weltwäit méi wéi 6 Milliounen Bicher verkaaf huet. Zu hire Lieser zielen ënnert anerem de Barack Obama an d‘Taylor Swift. Mee elo ginn hir Bicher a Groussbritannien net méi verkaaf. Firwat, dat erkläert d‘Claire Barthelemy.
Postkaarte vum Guy : Istanbul (1)
MeghallgatvaDe Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou hien Interviewe mëcht, fir aus dëse Stëmmen e Buch iwwer d’Stad um Bosporus entstoen ze loossen. Viru véier Joer war hie schonn eng Kéier e puer Méint do. Huet sech eppes verännert? Wéi steet et mat der Fräiheet? A kann een nuets iwwerhaapt nach a Rou säi Béier drénken?
Porte Ouvertes bei den AAPL-Kënschtler:innen-Atelieren um Verluerekascht
MeghallgatvaDëse Weekend invitéiert d’AAPL op hir -ewell- traditionell Portes Ouvertes. AA...? D’Associatioun vun den Artistes Plasticiens vu Lëtzebuerg, déi eng éischte Kéier 2008 vum Kënschtler Menn Adam gegrënnt gi war. Ma esou richteg aktiv ass d’Gewerkschaft eréischt zanter 2013, dëst duerch d’Initiativ vun de Kënschtler:inne Trixi Weis, Catherine Lorent a Bruno Baltzer. Viru gutt 5 Joer huet d’AAPL um Verluerekascht en Haus mat Kënschtleratelieren ageweit, an do ass dëse Samschden a Sonnden “Open House”, Kerstin Thalau.